Socrative

0
12
views

Op Socrative kann ee Quizzer fir seng Schüler erstellen. Iwwert den Teacher-Login muss een sech registréieren a scho kann ee säin eegene Quiz op d’Been stellen. Et kann een 3 Zorte Froe wielen, an dat souguer duercherneen an deemselweschten Exercice  (choix multiple, richteg/falsch, kuerz Äntwert). Zousätzlech dozou kann ee seng eege Biller uploaden. Wann een e Quiz erstallt huet, muss en aktivéiert ginn.

D’Schüler ginn dann op de Site www.socrative.com a klicken op de Student-Login. Si ginn de Code vum Teacher an a wielen duerno e Numm ënnert deem si schaffen, am beschten hiren eegenen. Duerno kënne si dee Quiz maachen, dee grad vum Teacher fräigeschalt ass (an der Gratis-Versioun kann ëmmer nëmmen 1 Quiz aktivéiert ginn).

De Virdeel vu Socrative: de System späichert d’Äntwerte vun de Schüler an den Teacher kann dat live suivéieren. Esou huet hat/hien d’Méiglechkeet en direkte Retour iwwert dem Schüler seng Äntwerten ze kréien an entspriechend drop ze réagéieren.

Socrative gëtt et och als APP op Apple an Android.

Läschten ArtikelQuizlet
Nächsten ArtikelMake Dice Lite
DEELEN

Hannerlooss eng Äntwert

Gëff w.e.g. e Kommentar an!
Gëff däi Numm w.e.g. hei an

5 × 2 =