Mir schaffen an der Klass zënter e puer Woche mat dem Tool „Quizlet“. Den Tool erlaabt et dem Schüler an/oder dem Enseignant Kaarten ze erstelle mat Inhalter, déi e well léieren. Dat kenne Billerkaarten, fir de Wuertschatz ze erweidere sinn oder soss iergend en Inhalt, dee geléiert soll ginn. De Programm funktionéiert ähnlech wéi klassesch Karteikaarten. Op de Karteikaarte sti Wieder, Biller, Definitiounen. De Programm sicht souguer selwer och Definitiounen (multilingual) oder passend Biller fir e Wuert.
Duerno kennen d Schüler op verschidde Manéieren domadder üben an de Programm gëtt all Schüler e Feedback wéi eng Kaarten dass e scho gutt weess, a wéi eng hien nach muss üben. Den Enseignant kritt och eng Iwwersiicht iwwert Progressioun vun all Schüler oder iwwert ganz Klass. Um Enn vum Léierprozess kann de Schüler selwer decidéiere wéini hien den Test meet.
Niewent dëse Léiertoole ginn et och speziell Toolen, déi een an der Klass ka benotzen. Déi si méi interaktiv a si mol bei menge Schüler ganz gutt ukomm.
Et gett eng Gratisversioun.. mee ech hunn awer schnell gemierkt, dass ech déi Vollversioun brauch.
Ech poste mol e Beispill mat dem meng Schüler schaffen: Quizlet Beispill


